Expo am Tuerm - SCHAMPES by Jacques Schneider

Den Owend ( 19.05.2018 ) wor zu Schengen um Markusberg am Markustuerm de Vernissage vun der Ausstellung SCHAMPES vum bekannte Kënschler Jacques Schneider. Organiseiert vum Syndicat d‘Initiative Schengen. 

Fotos Johny

Körmes zu Schengen - Ouverture den 6.5.17

Fotos Johny

Dese Weekend ass nees Körmes zu Schengen, organiseiert vum Syndicat d'Initiative Schengen zesummemat Cercle avicole Munneref.

Fir déi offiziell Ouverture konnt de President Marc Schoentgen nierft de Kolleginne a Kollegen aus dem Comite och d'Membere vum Schäffe- a Gemengerot begreissen

De President sot de Forrains, dem Cercle Avicole Munneref a Schenger Musek Merci fir hier Presenz.

Muer Sonndeg sin nach Concerten vun deMusikfreunde Perl-Besch an der Musek vun Leideleng.

Nierft engem Caroussel get et eng Iientebud, Confiserie a Schéissbud.

Muer Sonndeg och Ieselreiden.

Starkach Johann Lafer wor zu Schengen um Freschmoart 3.5.2017

Fotos Johny

All eischte Mettwoch am Mount organiséiert de Syndicat d'Initiative Schengen, zesumme mat der Gemeng Schengen, de Freschmoart "ennert de Lannen" emmer vun 8 bis 14 Auer.

Haut wor de Start an déi néi Moartsaison.

De President Marc Schoentgen an de Vize-President Raymond Mahnen konnten nierft der Staatssekretärin Francine Closener, dem Borgemeeschter Ben Homan an de Membren aus dem Schäffen- a Gemengerot, och de President vum ORT Gilles Estgen begréissen.

Groussen Eiregaascht dest Joer wor awer de Starkach Johann Lafer.

Honnerte vun Léit woren op de Moart komm. Fir déi musikalesch Stemmung huet de Rol Girres gesuergt.

Hei puer Impressiounen.


Generalversammlung Syndicat d’Initiative Schengen (6. Abrëll 2017)

En Donneschden,de 6 Abrëll wor zu Remerschen an der Jugendherberge, d’Generalversammlung vum Syndicat d’Initiative Schengen. De President Marc Schoentgen konnt vill Éieregäscht a Membere begréissen. Déi wichtegst Informatioune woren, dass d’Schengener Körmes de 6. a 7. Mee ass, de Péngschtweekend (4. & 5. Juni) ass Porte Ouverte am restauréierte Markushaischen um Markusbierg an d’Hunnefeier ass de 15. Oktober. Fir d’Ouverture vun der Moartsaison, den 3. Mee, ginn nierft der Staatssekretärin Francine Closener oder de bekannten Starkach Johann LAFER erwaart. Fotoen: Johny

Weilbur an der Lahn den 17.11.2016

Fotos Johny

Text Marc Schoentgen

 

 Gedenkfeier zu Weilburg - Grouss Delegatioun vun Schengen present

 Wei all Joër, get de 17. November, dem Doudesdag vum Grand-Duc Adolphe, zu Weilburg un der Lahn, an der Schlasskierch, d’Fürstegruft fir d’Leit opgemach. Ulässlech dem 111. Doudesdag vum Grand-Duc Adolphe hat de „Syndicat d’Initiative Schengen“, ennert dem President Marc Schoentgen eng Dagesrees organiséiert. Des Visite, un där 72 Persounen aus der Gemeng Schengen an dem Miselerland deelgeholl hun hat e ganz offizielle Charakter. Mat op Weilburg woren de Borgemeeschter Ben Homan, d’Schäffen Michel Gloden a Jérome Britz, divers Gemengeconséillers, Nathalie Besch vum ORT Moselle, de Paschtouer Daniel Graul an natirlech de ganze Comité vum SI Schengen. Um Programm stong de Gottesdengscht an der Schlasskierch, een offiziellen Empfang vun der Stad Weilburg, d’Visite vum Schlass an e Rondgang duerch d’Stad. Och vun Colmer-Bierg wor eng Delegatioun ugreest. 1953 wor de Grand-Duc Adolphe an der Schlasskierch begruewe gin. Och seng zweet Fra, d’Grande-Duchesse Adelheid-Marie a sein Fils, de Grand-Duc Guillaume, goufen an der Crypta béigesat.

 

 

 

 

 

 

Hunnefeier zu Schengen den 16.10.2016

Fotos Johny

Ouschtersonndeg den 27.03.2016 zu Schengen


              De Kleeschen zu Schengen um Freschmoart den 2.12.15

Op Invitatioun vum Syndicat d'Initiative Schengen wor de Kleeschen e Mettwoch zu Schengen um Freschmoart. Besonnesch huet sech den Hellege Mann iwer d'musikalesch Verscheinerung gefreet.

Et woren nämlech Schülerinnen

a Schüler vun de MUSEP Schoulklassen vun Remerschen 

a Bech-Klengmaacher dei dem Kleeschen gesongen hun.
Fotos : Manu / Jennifer

                   Ofschlossfeier vun "Rent e Riefstack 2015

Den 28.11.2015 wor zu Schengen am Kochhaus d'Ofschlossfeier am Kader vun "Rent e Riefstack", organiseiert vum Syndicat d'Initiative Schengen. Iwer 30 Leit haten dest Joer matgemach. De President vum SI Schengen konnt e.a. och den Waibauminister Fernand Etgen an de Borgemeeschter Ben Homan begreissen.

                  Hunnefeier am 18. Oct. 2015 in Schengen (L)

         Kiermes Sonnden Ennert de Lannen @ Schengen 26.4.15

Offiziell Ouverture vun der Kiermes zu Schengen 25.4.15

                 Neue Saison auf der MS Princesse Marie Astrid

Die Auftaktfahrt war am Sonntag um 15.40 Uhr in Schengen. Um 16.15 Uhr erreichte das Schiff Remich, von wo aus es um 16.45 Uhr wieder nach Schengen zurückfuhr. Ankunft um 17.15 Uhr. Während der Fahrt spielten die „Tëtelbiergbléiser“.

Heigen Besuch um Schengener Maart

Haut den 3.12.2014 War de Kleesschen um Mart

den all 1ten Mettwoch am Mount ass an vum Syndicat D'Initiative Schengen Organiseiert gett .

Den Nächsten Maart ass den 7.01.2015


29.11.2014 D'Aktioun Rent e Riefstack @ Schengen

Am Kader vun der Aktioun "Rent e Riefstack" zu Schengen wor e Samchdeg den Owend zu Schengen am "Kochhaus" d'Ofschlossfeier. All Leit dei am Laf vum Joer um Projet zu Schengen matgemach hun woren do a konnten d'Wainer a Cremants vun de 4 Wenzerbetrieber dei matgemach hun degusteieren.

Während der Feier gouf de Leit hier Diplomer iwerrecht.

D'Aktioun "Rent e Riefstack" get organiseiert vum Syndicat d'Initiative Schengen. Umeldungen fir 2015 gin lo schons entgeint geholl.

www.si-schengen.lu


Schengen: Erënnerung un 2 Zaldoten 11.11.2014

Déi zwee Zaldote Jean Griey a Raymont Truant hunn dem 73. Infanterieregiment ugehéiert a woren am Ufank vum Zweete Weltkrich laanscht déi franséisch-lëtzebuergesch Grenz teschent Haute Kontz a Lemestroff stationéiert. Schonns den 10. Mee 1940 sinn déi zwee Zaldote gefall a goufen zu Schengen begruewen.
Nieft dem Borgemeeschter Ben Homan a dem Schäffe Michel Gloden hunn der Feier och nach bäigewunnt de President vum Syndicat d'Initiative Schengen, Marc Schoentgen, de President vun den Enrolées de Force – Sectioun Gemeng Schengen – Georges Zenners an de President vun der „Amicale Schengen", Gilbert Ruppert.